top of page

Entstehung vun der Praxis

T'Praxis Mëttelpunkt ass 2018 an enger Collaboration ennert dem Carine Kiefer an Sandrine Bender entstaanen. Vun Ufanks un war kloer daat Persoun am Mëttelpunkt geiff stoen. Et sollt eng Praxis sin dei oppen wier fir paramédical Branchen dei Werter wei ressourcen-orienteiert Schaffen, Respect vun jidferengem senger Origine, Rythmus an Wee souwei ganzheetlecht Schaffen, ... gemeinsam hun.

2019 huet sech t'Praxis mam Sonnhild Freisinger vergreissert, waat eng weider psychthérapeutesch Ennerstezung war. 

2022 huet t'Carine Kiefer t'Praxis verloos an huet sain Wee mat der Grennung vun TcDAL weidergefouert. Et bleiwt eng Enk Zesummenarbecht.

2023 ass Marie Pierrot Mitglied vun der Equipe gin, waat nach emol den Accent Richtung Kierper verdeift. 

2024 sin dunn t'Kristyann Koster an t'Maryse Hubert ons Equipe ennerstetzen komm waat t'Approche vum Spill bai den Kanner verdeift an awer och t'Hypnothérapie als weideren Outil fir den Patient offreiert. 

IMG_2901.HEIC
TIM-©-DAVIDANGELETTI-L1010327.jpg

Konzept vun der Praxis

T'Praxis Mëttelpunkt huet vun Ufanks un den Mensch mat all sengen Facetten am Aan. Dobai war kloer dass t'Praxis Pluridisciplinar misst sin wou souwuel den Geescht, t'Psyche wei och den Kierper geiff mat abezunn gin.

Dess ganzheetlech Approche gelt awer och an der Evolution vum Liewenswee ze kucken an domadder fänken mer bai der Périnatalitéit un, iwert t'Kandheet, t'Jugend fir dann zum jonken Erwuesenen bis zum eeleren Mensch ze kommen. T'Spezialisationen vun onsen Therapeuten sin an och deem Senn vun der Schwangerschaft/Conception iwer Kanner an Jugend-therapie, zur Erwuesen- an Koppeltherapie bis zur Trauerbegleedung.

Den Mensch ass an bleiwt hei am Mëttelpunkt an Ziel vun der Prise en charge ass et jidfereen op sengem Wee an mat sengen Mëttel ze begleeden nees an seng Mëtt ze fannen.

T'Praxis versteet sech offen fir all Kultur, religieisen Hannergrond oder Genderfraiheet.

Mir schwätzen lëtzebuergesch, franséisch, daitsch an englesch.

Coordonné'en

Horaires: Meindes bis Samstes vun 8:00-19:00 Auer

1a, Pallerwee

L.8706 Useldange

T'Praxis ass um rez de chaussée mat engem Zougang fir Hancicapéierter oder Mobilité réduite. Eng adapteiert Parkplaatz ass och virun der Praxis. 

bottom of page