

Félicie Wietor
Diploméiert Hiewan
Zertifizéiert Stëllberoderin Dais
Zertifizéiert Droberoderin ClauWi
Zertifizéiert Beroderin fir Formulaernährung FeS
Zertifizéiert Beroderin fir Babyschlof Infant Steps
Beroderin fir Beikost an Baby-Led Weaning
Stoffwëndelberoderin
Téléphone
+352 621 199 833
Adresse
1a, Pallerwee
L-8706 Useldange
oder bai Ierch doheem
"Zitat Félicie"

Vu mir
“D’Zäit vun der Schwangerschaft, d’Gebuert an d’Liewe mam Puppelchen ass eng ganz besonnesch a sensibel Liewensphas. Vill Verännerungen, Froen an Emotioune begleeden dës Zäit. Eng Hiewan kann dobäi ewéi e Liicht um Wee sinn: mat Rou, Fachwëssen a vill Häerz vermëttelt si Sécherheet a Stäerkt a begleet Iech op ärem ganz perséinleche Wee als Famill.”
Ech sinn d’Félicie Wietor, fräiberufflech Hiewan a selwer Mamm vu véier Kanner.
Meng berufflech Rees huet an der Maternité vum Centre Hospitalier du Nord zu Ettelbréck ugefaangen, wou ech Fraen a Familljen am Kreessaal an op der Wochenbettstatioun begleet hunn. No enger bewosster Beruffspaus, an där ech mir Zäit fir meng eege Kanner geholl a gläichzäiteg als Dagesmamm geschafft hunn, war ech iwwer eng méi laang Zäit bei der Initiativ Liewensufank täteg. Do hunn ech Elteren duerch individuell Berodungen, Coursen, Workshops an iwwer d’Baby-Hotline ënnerstëtzt.
Haut schaffen ech als selbststänneg Hiewan a begleede Fraen a Famillje wärend der Schwangerschaft an an der Zäit no der Gebuert. Doniewent bidden ech och individuell Berodunge souwéi Coursen/Workshops zu verschiddenen Themen un.
Kontinuéierlech Weiderbildung ass fir mech als Hiewan e wichtege Bestanddeel vu menger Aarbecht, fir Famillje kompetent an aktuell ze begleeden. Am Laf vun de Joren hunn ech mech op folgend Beräicher spezialiséiert:Stëllen, Droe vum Puppelchen, Beikost, Stoffwëndelen, Formulanahrung, oral Restriktiounen, Babyschlof souwéi Trauerbegleedung wärend Schwangerschaft a Gebuert.
Meng Berodung baséiert op wëssenschaftlech fundéierte Kenntnisser, praktescher Erfarung an enger ganzheetlecher, wäertschätzender a bindungsorientéierter Haltung vis-à-vis vu Mamm, Kand a Famill. An enger Zäit vu ville Meenungen an Informatiounen ass et mir wichteg, Iech eng zouverlässeg, fachlech geséchert an individuell Begleedung unzebidden, déi Iech Orientéierung gëtt an Iech Schrëtt fir Schrëtt dobäi ënnerstëtzt, Vertrauen an Är eege Kompetenzen ze entwéckelen an eng gelossen, selbstsécher Eltereschaft ze fannen.
Ech schaffen an der Regioun Miersch an am Weste vu Lëtzebuerg. Nieft Hausbesich empfänken ech Iech och bei mir doheem zu Brouch souwéi an de Raim vun der Praxis Mëttelpunkt zu Useldeng.
Meng Berodunge bidden ech op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch un.

