

Adresse
1a, Pallerwee
L-8706 Useldange


Vu mir
Nodeems ech mäin Ofschloss an der klinescher Psychologie zu Stroossbuerg gemaacht hunn, hunn ech eng weider Ausbildung an der Thérapie vun der Périnataliéit an der fréier Kandheet zu Bréissel gemaach. Dono hunn ech nach eng weider thérapeutsch Ausbildung an der analytescher Psychothérapie gemaach.
Meng éischt Beruffserfarungen hunn ech an der Clinique Bohler (Maternité a Clinique de la Femme) an am SIPO (Freiförderdengscht fir Kanner vun 0-6 Joer) gemaach wou ech mech menger Passioun fir déi frei Kandheet, der Elteren-Kand Therapie sou wei der Schwangerschaft an -wonsch gewidmet hunn.
Nodeems ech da selwer mäin 3t Kand kritt hu, hunn ech mech selbstänneg gemaach an hu meng Praxis erweidert op Kanner a Jugendlecher, ma och op Erwuessener.
Meng Aart a Weis ze schaffen ass non-directiv, spontan a kreativ. De Mënsch steet bäi mir am Vierdergrond an t'Symptom gellt et ze verstoen an hir Source ze fannen.
Meng Outil'e si variabel ma ech hu als éischt Approche ëmmer t'Sprooch. Ech sinn immens naturverbonnen a bezeien desst ëmmer nees gären an t'Sitzungen an. Och visuell schaffen ech immens oft unhand vun Opstellungen, klengen Zeechnungen/Skizzen, Biller déi mir ons virstellen oder och maan.
Ech schwätze lëtzebuergesch, franséisch, däitsch an och englesch.
Ech schaffe mat der CNS op Ordonnance