

Maryse Hubert
Psychologue diplômée, Agrément ONE
Téléphone
+352 621 142 607
Adresse
1a, Pallerwee
L-8706 Useldange
Vu mir
Wärend menge Studien an der klinescher Psychologie op der Université de Liège a mengem mi spéidere ganz spannende Wee am Enseignement war fir mech ëmmer kloer, dass ech gären als Therapeutin mat Kanner a Jugendleche schaffe wëll. Mir war et ëmmer immens wichteg, dass di jonk Mënsche gelauschtert ginn. Hinnen dee Raum ze schafen, deen dat erméiglecht, a si an hirer Entwécklung ze ënnerstëtzen, dat war mäi gréisste beruffleche Wonsch.
Besonnesch gepräägt hu mech meng Erfarungen an de staatleche Kannerheemer, mäi laangjäregt Benevolat bei der Telefonsberodung a meng Ausbildung an der Spilltherapie.
De Fokus vu menger Aarbecht läit op kreativen a spilltherapeutesche Methoden, mee och Deeler vun der Schematherapie an IFS-Therapie fléissen a meng Aarbecht mat an.
Immens wichteg ass et mir, dee Mënsch, dee viru mir ass, a senger Ganzheet wouerzehuelen an ze akzeptéieren. Dat heescht fir mech, net nëmmen ze lauschteren wat e seet, mee och ze héieren, ween en ass. Dat heescht fir mech, net nëmmen mam Ouer ze lauschteren, mee och mam Häerz.
Ech schaffen haaptsächlech mat Kanner a mat Jugendlechen.
Ausbildung:
2024 - 2026 Diploma in Play Therapy (Chichester University & Academy of Play and Child Psychotherapy)
2024 Formation sur la thérapie des schémas avec enfants et adolescents (International Society of Schema Therapy)
2022 - 2024 Certificate in Therapeutic Play Skills (Leeds Beckett University & Academy of Play and Child Psychotherapy)
2018 & 2019 StoryPlay by Joyce Mills (Institut Grégory Bateson Liège)
2015 - 2017 Ausbildung zum telefonesche Beroder
(Caritas Luxembourg)
2009 – 2014 Bachelier & Master en Psychologie clinique
(Université de Liège)
Associations:
Member vun der SLP (Société luxembourgeoise de Psychologie)
Member vun der ALAtD (Association luxembourgeoise des Art-thérapeutes Diplômés a.s.b.l.)
Member vun der PTI (Play Therapy International)



